NoScript Tracker
Cette formation est proposée sous forme de formation présentielle.
Catalogue

Zu Lëtzebuerg richteg iwwer sozial Netzwierker kommunizéieren - Verständnis wéi Algorithmen funktionnéieren

Marketing & Communication

Description

Beschreiwung

An enger digitaler Welt, déi sech konstant weiderentwéckelt, ass d’Verstoen vun de Mechanismen hannert der Visibilitéit op de soziale Medien zu engem entscheedende Faktor ginn – egal ob ee seng Afloss stäerke wëllt, eng Aktivitéit promouvéiere wëllt oder einfach seng Online-Präsenz ausbaue wëllt.
Vill Creators, Entrepreneuren a Fachleit stelle sech d’Fro, wéi ee säi Publikum am beschten erreeche kann an wéi een säin Content optiméiere kann, fir op enger méi grouss Reechwäit unzekommen.

D’Formatioun „d‘Verstoppte Muecht vun all Influencer: Gëff liesbar, siichtbar a viral“ setzt genee do un. Si hëlleft, d’Funktiounsweis vun den Algorithmen vun de gréisste soziale Plattformen (Instagram, TikTok, Facebook, Snapchat, YouTube) ze verstoen an liwwert konkret Tools, fir d’Qualitéit, d’Relevanz an d’Reechwäit vun de Publikatiounen ze verbesseren.


Ziler
  • de Fonctionnement vun den Algorithmen op de wichtegste soziale Medien (Instagram, TikTok, Facebook, Snapchat, YouTube);
  • déi wichtegst Facteuren, déi d’Visibilitéit, d’Engagement an d’Viralitéit vun engem Contenu beaflossen;
  • d’Besonderheete vum lëtzebuergesche an transfrontalen Publikum wat d’Konsuméiere vun digitale Content ugeet (Wéi eng Sprooche solle mir benotzen ? Wéini solle mir posten ? Wéi eng Platformen soll ech benotzen?).
Programm

Am Kontext vum Lëtzebuerg an der Groussregioun stellen sech dacks Froen wéi:

  • A wéi enger Sprooch soll een de Contenu maachen, fir säi Publikum wierklech z’erreechen?
  • Wéini ass déi bescht Zäit fir ze publizéieren, fir datt d’Leit reagéieren?
  • Wéi kann een eng multikulturell a multisproocheg Communautéit ugoen?
  • Wéi eng sozial Netzwierker sinn am sënnvollsten – jee no Aktivitéitssecteur?

D’Formatioun geet dëse Froe systematesch no a kombinéiert Theorie a Praxis. Si enthält och eng kollektiv Analys vun de Publikatiounen, déi d’Participanten selwer gemaach hunn – fir ze gesinn, wat gutt funktionéiert, wat verbessert ka ginn, a wéi eng bewäert Praktike ee soll bäibehalen.

Dëse Parcours riicht sech un all Persoun, déi eng kohärent, effizient a lokal adaptéierte Contenu-Strategie entwéckele wëll. 

Zilgrupp
  • Influencers
  • Startuppers
  • Marketing Ekipp
  • CEOs
  • Content Creators
  • Community Managers


Conditions

Support de cours

  • Des supports de cours seront disponibles après les modules respectifs

  • Die Kursunterlagen werden nach den jeweiligen Modulen zur Verfügung gestellt

  • Course materials will be made available after the respective modules

 

Zertifikat

Nom Ofschloss vun der Formatioun kréien d'Participanten eng "Attestation de présence" vum House of Training ausgestallt.

Lieu
Chambre de Commerce Luxembourg
7, rue Alcide de Gasperi
L-1615 Luxembourg
Luxembourg
Calculer l'itinéraire

Sessions et horaires

Télécharger le planning (PDF)

  • lun. 02.02.2026

    08:30 à 17:30

    8H

    Kommunizéieren zu Lëtzebuerg iwwer sozial Netzwierker: Verständnis wéi Algorithmen funktionnéieren

    Chambre de Commerce Luxembourg